"D’Regierung ass ëmmer méi autoritär ginn an d’Responsabilitéit vum Staat ass ëmmer méi op de private Secteur an d’Leit ofgewältzt ginn." Esou huet d’Carole Thoma vun déi Lénk an hirer Neijoerschried de Krisemanagement vun der Regierung beschriwwen. Eng Ried, déi Corona bedéngt digital iwwerdroe gouf, bei där et awer net eleng ëm d’Pandemie goung.
Klimakris: Responsabilitéit gëtt individualiséiert
Well, och wann zejoert net vill dovu geschwat gouf, huet d’Carole Thoma betount, datt d’Klimakris nach ëmmer reell an urgent ass. Strukturell Verännerungen wieren néideg, mä d’Regierung géif op d’Individualiséierung vun der Responsabilitéit sëtzen, wat ee gutt um Beispill vun der agefouerter CO2-Steier géif gesinn:
Et ass e bëssen absurd, dass de Bensin soll duerch eng CO2-Steier méi deier ginn. D’Bierger also bestrooft ginn, wa se Auto fueren, a gläichzäiteg d’A3 op 6 Spueren ausgebaut gëtt! Wëll d’Regierung dann elo, dass mer Auto fueren oder net? Wa se dat net wëll, firwat investéiert se déi Suen dann net an e weideren Ausbau vum ëffentlechen Transport a séchere Vëlosweeër amplaz an nei Autobunnen?
Logementsproblematik: E "Weidersou" amplaz vun engem "Broch"
De grousse Problem wier, datt d'Ongläichheeten hei am Land ëmmer wieder geklommen wieren an de leschten 7 Joer. D’Carole Thoma ass do natierlech och net laanscht d’Logementsproblematik komm:
Well esoulaang weider op de fräie Maart gesat gëtt, wéi d’DP dat ëmmer erofbiet, esoulaang wäert sech d’Situatioun weider zouspëtzen. Et gëtt ëmmer nach Leit, déi vun den héije Präisser profitéieren, dowéinst muss de Staat endlech aschreiden an deenen hir Muecht briechen, soss wäert sech déi Situatioun net änneren. Leider gesäit et awer net esou aus, wéi wann dat an nächster Zäit géing geschéien. Déi Gesetzer, déi zur Zäit um Instanzewee sinn, stellen éischter e Weidersou, wéi e Broch duer.
Dofir huet d'Carole Thoma an hirer Ried och eng aner Logementspolitik gefuerdert. Dat elo op engem Ament, wou déi sougenannte politesch Mëtt den aktuellen Erausfuerderungen net méi gewuess wier.
Den Einstein huet scho gesot, et kéint ee Problemer ni duerch déi selwecht Denkweis léisen, duerch déi se entstane sinn.

Coronakris: Et gouf am Summer verpasst, déi zweet Infektiounswell ze preparéieren
E Joer mat vill Leed an Onsécherheet hätt gewisen, wéi eng Aarbechten wierklech essentiell sinn. E Merci gouf et un d'Leit aus dem Gesondheets a Fleegesecteur, dem Nettoyage, dem Handel, dem Bau. Bannen de leschten, schwierege Méint hunn déi Lénk hir Roll dodran gesinn, déi Leit ze verdeedegen, déi riskéiert hätten, vergiess ze ginn.
Locatairen a kléng Independanten hunn zum Beispill dozou gehéiert, wärend grouss Betriber Hëllefen a Staatsgarantie kruten, oft ouni Konterpartie, dass se keng Leit dierften entloossen, sou d'Carole Thoma.
Bedauert gouf, datt d'Regierung déi méi roueg Summerzäit net genotzt hätt, fir besser op déi zweet Infektiounswell am Hierscht preparéiert ze sinn. Culot hätt de Premier gewisen, der Chamber mat engem zweeten Etat de Crise ze droen. Kritiséiert gouf d'Tendenz, fir d'Responsabilitéit an der Kris z'individualiséieren.
Amplaz op Transparenz a Sensibiliséierung ze setzen, amplaz d’Situatioun duerch koherent Sanitärkonzepter do ze verbesseren, wou déi meescht Leit sech ustiechen, also op der Aarbecht, am ëffentlechen Transport an an de Schoulen, ass d’Regierung ëmmer méi autoritär ginn. Déi ëmstriddenst Moossnam war de Couvre-feu, eigentlech eng Krisemesure.
Dobäi koum, datt dat an hiren Aen autoritäert Covid-Gesetz an där Zäit, wou jidderee sech brav un d’Reegelen gehalen huet, op d’Rees gaangen ass.
Als Éischt ass et zu Biarritz ënnerschriwwe ginn an d’Verlängerung dunn zu Paräis. Natierlech ass dat net illegal, mä de Staatschef sollt am Allgemenge schonn eng gewësse Virbildfunktioun droen an huet eis eppes bestätegt: wann de Grand-Duc an dësen Zäiten ouni Problem kann duerch hallef Europa reesen, dann ass d’Monarchie definitiv kee Secteur essentiell.
Nieft vill Kritik huet d’Carole Thoma awer och betount, datt hir Partei d’Regierung do ënnerstëtzt hätt, wou déi richteg Decisioune geholl gi wieren, notamment beim chômage partiel, deen net ënnert de Mindestloun dierf falen.