
Ee Gebai, dat fir 3,5 Milliounen Euro verkaf gëtt, dat äntwert d’Kulturministesch op eng parl. Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup.
Wéi d’Sam Tanson preziséiert, géif d’Akafspolitik vum Staat, ob zu Simmer oder Biertreng, net doranner bestoen, all Gebai, dat als nationaalt Monument klasséiert ass, mussen ze kafen.
All Gebaier, déi ënner Denkmalschutz stinn, mussen duerfir och vun der gesetzlech gereegelter Protektioun profitéieren, ob se dem Staat gehéieren, oder net.
Fir d’Buerg vu Simmer an d’Schlass zu Biertreng ze kafen, huet de Staat deemno keen eegene Besoin gesinn.
D’Buerg vu Simmer ass bis ewell a privater Proprietéit gewiescht - d’Fundamenter vum Gebai gi warscheinlech op d'12. Joerhonnert zeréck, iwwerdeem d’Buerg iwwert d’Joerhonnerten ëmmer nees nei amenagéiert an ausgebaut gouf. Enn vum 18. Joerhonnert war d’Buerg komplett verbrannt an huet nees missten opgebaut ginn.