Klima-Objektiver fir d'IndustrieRegierung soll Betriber bei der Ëmsetzung hëllefen, sou d'Fedil

RTL Lëtzebuerg
"Mir stellen d'Klimaziler net a Fro, mä mat den aktuellen Instrumenter kréie mer se net ëmgesat", esou d'Fedil iwwert d'Klima-Objektiver bis 2030.
© RTL

D'Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie huet e Mëttwoch déi national Klima-Objektiver fir hire Secteur kommentéiert. D'Industrie wéilt mathëllefen, mä et bräicht een awer konkreet Aktiounen a Vitess. Dofir wier d'Regierung gefuerdert, fir ze soen, wéi d‘Betriber sech sollen uleeën.

D'Emissioune solle bis 2030 ëm 52 Prozent am Verglach mat 2019 erofgoen. "Mat deem, wat elo um Dësch läit, geet dat net", seet d‘Fedil. Haaptsächlech leeft alles iwwer d'Elektrifizéierung, also d'Ëmstelle vu Gas op Stroum. Dat ass net produktiv an net rentabel fir e Betrib, an déngt „just“ der Klimapolitik.

D'Industriellefederatioun proposéiert néng konkreet Mesuren, fir d'Betriber ze motivéieren: virop eng progressiv Co2-Tax mat der duebeler Besteierung op der 2. Hallschent. Eng staatlech Hëllef fir d'Elektrifizéierung vun Hëtzt, Steieravantagë fir Co2-aarm Technologien a speziell Mesurë fir de Bau si weider Virschléi.

Mir wëllen net bremsen, mä brauchen Instrumenter fir d‘Entreprisen ze mobiliséieren. Dat fuerdert de Fedil-Direkter René Winkin.

FEDIL iwwer Klima / Reportage Carine Lemmer

Back to Top
CIM LOGO