1,3 Milliarden Euro ginn an Zukunft a schoulesch Infrastrukturen hei am Land investéiert. Dee Chiffer gouf en Donneschdeg de Moie vum Infrastrukturminister François Bausch am Educatiounsminister Claude Meisch genannt. Zwou komplett nei Schoule sollen hir Dieren an den nächste 4 bis 8 Joer opmaachen.
E Pilotprojet am Süden an eng ëffentlech Europaschoul an der Stad Lëtzebuerg. 8 Gebaier gi gebaut fir Schoulen, déi schonn existéieren, wéi zum Beispill de Sportslycée oder de Lycée Michel Lucius.
De Campus Geesseknäppchen, genee wéi 5 aner Projeten, ginn an de kommende Joren ausgebaut oder reamenagéiert.
Den ENAD, also d'Schoul fir Erwuessener, soll op Miersch kommen, den neie Sportslycée kënnt entweder op Mamer op der de Site vun Eurocontrol um Kierchbierg.
Mat deenen Investitioune wëll d'Regierung weider un der Villfalt vu schouleschen Offere schaffen, de Besoine vum Land nokommen an innovativ an inklusiv pedagogesch Konzepter schafen.
D'Oppositioun huet d'Ambitioun vun der Regierung gelueft. Kritik gouf et nëmme punktuell, d'Fraktiounscheffin vun der CSV Martine Hansen. Den LTC géif an d'Géigend vum Houwald kommen, ma do wier awer de Contournement nach net do. Hei wier et natierlech flott, wann dës Infrastrukture matenee géife fäerdeg ginn.
Och d'Piratepartei ass gréisstendeels zefridde mam Educatiounsminister senge Pläng. Den Deputéierte Marc Goergen betount awer, dass ee net averstane wär, dass Terraine vu Privatleit géifen ewechgeholl ginn, fir eben dohinner e Lycée ze bauen. Dat wier awer e "no-go", Enteegnungen dierfen net stattfannen, et wier d'Fräiheet vum Mënsch ze decidéieren, wat mat sengem Terrain geschitt. D'Regierung misst sech do aner Terraine sichen.
''Interêt public'' géif net heeschen, dass dee concernéierte Proprietär ouni säin Accord, aus sengem Haus ka gehäit ginn, esou den Marc Goergen nach.
