Och RTL-User waren ZeienFeierball um Himmel: Et war e Meteor, sou Experten

RTL Lëtzebuerg
Géint 19 Auer war et eng hell Sträif um Himmel, eng Trace vun Damp an duerno näischt méi. Vill Aenzeien hate sech gefrot, wat se do gesinn hunn.
Meteorit oder Weltraumschrott - Video vum Ciocian Matei

Vill Aenzeien hu géint 19 Auer Auer e grousse Liichtkierper gemellt. Den Objet huet sech lues beweegt an ass duerno um Himmel ausernee gebrach. Rieds goung och vu Geräischer vun Explosiounen.

Feierball - Video vum Elodie Dumet

Feierball - Video vum Hugo Lima

“Et war e Meteor!”

Hei d’Erklärunge vum Nicki Feierstein, fréiere President vun den Amateur-Astronomen

Dat wat een de Sonndeg den Owend iwwer Lëtzebuerg gesinn hätt, wier wéi eng deck Stäreschnäiz, sou wéi d’Perseiden, déi een am August ganz dacks um Himmel gesäit – just géif et sech hei ëm eng vill méi deck Stëbs-Formatioun handelen.

Feierball - Video vum Ramona Carausu

Iert dee Kierper an d’Äerdatmosphär antrëtt, ass en e Meteoroid, erkläert den Amateur-Astronom, wat mir da geséiche wier de Meteor, deen als Feierball op d’Äerd erof kënnt. Seng Vitess vu 60.000 – 70.000 km/h géif esou e staark Reiwung provozéieren, dass de Meteor an der Atmosphäre kann explodéieren – dohier d’Geknupps – d’Stecker, déi dann op der Äerd ukommen, si Meteoritten, präziséiert den Nicki Feierstein. De Weltall wier voll vun esou Kierperen, déi doruechter fléien, esou eppes wéi de Sonndeg den Owend kéint d’ganzt Joer iwwer passéieren.

Och bei der Europäescher Weltraumagence geet een aktuell vun engem Meteorit aus. D’Experten analyséieren aktuell Biller an Daten.

Um Méindeg komme mir mat weideren Detailer op de Sujet zeréck.

Feierball - Video vum Jeff Muller

Deeler vu Meteorit verursaache Schied un Haiser a Rheinland-Pfalz

Nom Optriede vun engem helle Meteorit um Sonndegowend, sou déi däitsch Police, sinn Deeler dovun a Rheinland-Pfalz erofgefall a sollen do Schied un Haiser an Diecher verursaacht hunn. Der Police no goufen ënner anerem Schied aus dem Hunsrück, der Eifel a vu Koblenz gemellt. De Phenomen um Himmel huet vill Leit a groussen Deeler vu Westdäitschland opmierksam gemaach, an Aenzeie vu verschiddene Bundeslänner hu sech och an de soziale Medien gemellt.

Feierball - Video vum Petra Mertes

Eng däitsch Astronomin zu Heidelberg sot, si géing vun der oranger Faarf ausgoend, éischter vu Weltraumschrott ausgoen.

Onbekannten Objet - Video vum Adis Rastoder

De Feierball gouf ganz dacks gemellt och op engem spezialiséierte Forum

Ganz vill RTL-User hu sech gemellt mat hirem Erstaunen an deem eng oder anere Bild. Och op Facebook hate sech Biller a Froen ugesammelt.

Den RTL-User Laurent Bauler schreift eis: “Allerdéngs ass et an eisem Haus sou hell ginn, wéi wann en Auto mat Pharen géing eralichten. Si bei d‘Fënster gaang an hunn den immens helle Stral gesinn iwwer eist Haus fléien a bannent 1 sec nees fort war. 30 Sekonnen drop huet et immens geknuppt an déi Fënster, bei där ech stoung huet enorm vibréiert. Hunn nach ni esou eppes erlieft.”

Hutt Dir och eng Foto gemaach? Mail u red@rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO