
Am Spëtzematch setzt sech de Coupe-Gewënner Arantia Fiels auswäerts mat 87:85 géint d’Amicale Steesel duerch. D’Supporter hunn eng enk Partie gesinn, déi mat der leschter Aktioun entscheet gouf. De Kevon Godwin konnt den entscheedende Worf ganz zum Schluss markéieren, hie koum op 32 Punkten.
D’Etzella Ettelbréck deklasséiert d’Musel Pikes mat 115:82, schonn no ronn 5 Minutte louchen d’Gäscht 18:1 a Féierung. Och wann d’Pikes, déi mat engem neie Profispiller (Everette Hammond) ugetruede sinn, sech virun der Paus nees konnten an de Match zeréckkämpfen, huet Ettelbréck d’Partie am drëtte Véierel entscheet. Net manner wéi 20 Dräier an domat en neien Héchstwäert fir d’Saison 2025/26 huet d’Etzella bei dëser Victoire getraff.
Den T71 Diddeleng setzt sech an engem enke Match auswäerts mat 87:81 géint de Racing Lëtzebuerg duerch. D’Gäscht hunn d’Partie mat engem staarke leschte Véierel (31:17) gedréint. Den Jimmie Lee Taylor (21 Punkten) an den Ivan Delgado (20) hunn als Duo iwwerzeegt.
D’Kordall Steelers setze sech mat 98:82 géint den Tabelleleschten AB Conter duerch. Béid Ekippen haten no der Lännermatchpaus nei Profispiller am Kader (Jalen Reynolds bei Kordall, Marcellus Laventis bei Conter). Mat 31 Punkten huet den Erik Timko bei der Lokaelkipp eng staark Leeschtung gewisen.
Bei den Damme steet de fënnefte Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun um Programm.
Um Samschdeg huet sech den Tabellenéischten T71 Diddeleng auswäerts däitlech mat 101:68 géint d’Musel Pikes behaapt. 11 Spillerinne bei de Gäscht hu Punkte geworf, d’Svenia Nurenberg hat mat 21 déi meeschten um perséinleche Kont.
Um Freideg hat sech de Basket Esch auswäerts mat 86:72 géint den AB Conter duerchgesat an huet domat wichteg Punkten am Kampf ëm eng méiglech Plaz an der Halleffinall gesammelt. D’Jovana Jaksic konnt mat 24 Punkten iwwerzeegen, d’Kyra Coulon huet 17 Punkten zur Victoire bäigesteiert.