
Wéi de CGDIS mellt, ware kuerz viru 6.30 Auer op der A1 hannert dem Tunnel Houwald a Richtung Iergäertchen zwee Autoen aneneegerannt. Zwou Persoune goufe bei der Kollisioun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.
Um CR167 tëscht Haassel an Duelem koum et iwwerdeem géint 7.54 Auer zu enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei gouf et ee Blesséierten. Um Asaz waren d’Ambulanciere vu Réimech an d’Pompjeeë vu Fréiseng.
Géint 8.40 Auer hat dann nach en Auto op der A1 tëscht Mäertert an dem Potaschbierg gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeën aus den Zentere Gréiwemaacher-Mäertert a Manternach waren op der Plaz.