5 nei national AktiounsplängRegierungsrot geet géint Kaméidi vu Stroossen, Schinnen a Fluchhafe vir

RTL Lëtzebuerg
Fir géint de Kaméidi virzegoen an nei Belaaschtungsplazen z'evitéieren, ginn et fënnef nei national Aktiounspläng.

De Regierungsrot huet ganzer fënnef national Aktiounspläng géint de Kaméidi ugeholl. Domat solle konkret Mesurë géint d'Belaaschtung vun der Ëmwelt duerch Kaméidi an och an der Preventioun vum Kaméidi geholl ginn. Dozou gehéiert de Kaméidi vun de Stroossen, de Schinnen, dem Fluchhafe ronderëm d'Stad an och am Süde vum Land.

D'Zil ass et, weider roueg Zonen am urbane Raum kënne bäizebehalen.

De ganzen Detail vun den Aktiounspläng souwéi déi konkreet Mesurë fannt Dir um Site vun der Ëmweltverwaltung.

Back to Top
CIM LOGO