KlimasozialplangVertrieder vun Zivilgesellschaft gesi positiv Punkte wéi och grouss Lacunnen

Claude Zeimetz
D'Chambre des Salariés, d'Gewerkschaften OGBL an LCGB an de Mouvement Ecologique ginn an engem gemeinsame Communiqué op de Klimasozialplang an.

Kritik um Klimasozialplang / Reportage Claude Zeimetz

Et kënnt net all Dag vir, datt Gewerkschaften an Ëmweltorganisatiounen eng gemeinsam Positioun vertrieden. En Donneschdeg melle sech OGBL, LCGB, d'Salariatskammer an de Mouvement écologique an engem gemeinsame Positiounspabeier zum sougenannte "Klimasozialplang" zu Wuert. De Kader, dee virun engem Mount am Regierungsrot ugeholl gouf, wier ambitiéis, mä géif an essentielle Punkten awer net wäit genuch goen.

D'Salariatsvertrieder an d'Ëmweltorganisatioun begréissen duerchaus, datt Lëtzebuerg méi wäit geet wéi déi europäesch Reglementatioun, an datt d'Regierung d'Acteure vum Terrain an d'Ausschaffe vum sougenannte Klimasozialplang mat agebonne huet. Mä d'Dokument, wat déi Stéit soll bei der Energietransitioun mathuelen, déi manner Suen hunn, hätt grouss Lacunnen.

D'Schreiwes vun der Chambre des Salariés, den OGBL, LCGB an dem Mouvement Écologique

D'Syndikater, d'Chambre des salariés an de Mouvement stéiere sech drun, datt net kloer definéiert ass, wéi vill sech de Staat dat alles kaschte wëll loossen, wéini a wéi séier wat ëmgesat soll ginn a virun allem, wien da lo iwwerhaapt genee zousätzlech Hëllef ze gutt soll hunn, fir vu fossil op erneierbar Energien ëmzeklammen. Do misst onbedéngt mat detailléierte statisteschen Donnéeë nogebessert ginn. Grad wéi bei de Kompensatiounsmesurë fir d'CO2-Steier oder anere Mechanissem. Den aktuelle Steierkredit fir sozialschwaach Stéit géif haut schonn den Impakt vun där Steier net méi ausgläichen.

Back to Top
CIM LOGO