Topp Wieder fir den OptaktVum 1. Mee un ass d'Schwammsaison nees un

RTL Lëtzebuerg
De Summer steet virun der Dier a vum 1. Mee u kann ee rëm bausse schwamme goen. Wou d'Waasserqualitéit am Beschten ass, verrode mir Iech an eisem Artikel.
© René Pfeiffer

Vum 1. Mee bis den 30. September ass d'Schwammsaison zu Lëtzebuerg nees op. Nieft dem Stauséi dierf een da vun e Freideg un och rëm am "Wämper Séi" zu Wäiswampech, am Iechternacher Séi an an de Baggerweieren zu Rëmerschen schwamme goen. 

© Administration de la gestion de l'eau

Wéi d'Waasserwirtschaftsamt matdeelt, gëtt d'Qualitéit vun de Gewässer déi ganz Saison iwwer reegelméisseg kontrolléiert an analyséiert. Um Enn vun der leschter Saison war d'Qualitéit um Stau an och zu Wäiswampech um Séi (Zon 1-4), souwéi op de Baggerweieren zu Rëmerschen (Zon 1-4) "excellent". Zu Iechternach gouf d'Zon, an där ee schwammen dierf, als "gutt" klasséiert.

Déi genee Zonen a Kontrollpunkte kënnt Dir um Site vum Waasserwirtschaftsamt nokucken.

Back to Top
CIM LOGO