Tëscht Kietscht a GréiwelsReklamatioune wéinst beschiedegte Gefierer no Aarbechten um CR308

RTL Lëtzebuerg
Am September gouf um CR308 de Stroossebelag nei gemaach, an zwar mat Split. An deem Kader sinn eng 20 Reklamatiounen erakomm.

Wéi et heescht, goufen et wuel Problemer mat beschiedegte Gefierer. Effektiv hätte Ponts et Chaussées eng 20 schrëftlech Reklamatiounen erakritt, well Leit e Schued un hirem Gefier haten. Dat äntwert de grénge Mobilitéitsminister François Bausch dem liberalen Nord-Deputéierten André Bauler op eng parlamentaresch Fro. D'Vitess wier op 50 km/h limitéiert gewiescht a wann ee sech net dorunner hält, da kéint et zu Degâte kommen, schreift de Minister weider.

Mat der applizéierter Technik géing vill geschafft ginn, si hätt sech international bewäert, d'Liewensdauer vum Belag kéint esou eropgesat ginn. D'Method vum Split wier och méi ekologesch a manner deier, wéi wann de Belag ganz nei gemaach géing ginn.

PDF: Äntwert vum François Bausch op parl. Fro vum André Bauler

Back to Top
CIM LOGO