Google-DatazenterReklamatiounen iwwer PAG just nach dëse Freideg recevabel

RTL Lëtzebuerg
A Punkto geplangte Google-Datazenter zu Biissen kënnen nach bis dëse Freideg Plaintë géint den allgemenge Bebauungsplang bei der Gemeng agereecht ginn.

An engem rezente Circulaire vun enger Bierger-Initiativ geet vun enge sëlleche Froen rieds, déi ee gär vun den Autoritéite beäntwert hätt. Et geet ëm Suerge beim Stroumverbrauch, iwwert de Finanzement bis hin zu der méiglecher Versigelung vun Akerland.

Awänn zu der strategescher Ëmwelt-Prouf, der sougennanter SUP, kënnen iwwerdeems nach bis den 2. Mäerz beim Ëmwelt-Ministère eragereecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO