Interim-Offer klëmmtRelance vum Aarbechtsmaart a Siicht?

Raphaëlle Dickes
Mat 6,5% hunn de Chômage-Taux säin héchste Stand zanter 5 Joer erreecht. D’Offer vun Interim-Plazen ass dëst Joer bis ewell schonn ëm 9% geklommen.
Interim-Offer klëmmt
Mat 6,5% hunn de Chômage-Taux säin héchste Stand zanter 5 Joer erreecht. D’Offer vun Interim-Plazen ass dëst Joer bis ewell schonn ëm 9% geklommen.

Dat wär ee gutt Zeechen, seet de Laurent Peusch, Responsabel vum Service Employeurs vun der ADEM. “Den Interim-Secteur ass wierklech en Indicateur, wou ee gesäit, wann erëm méi agestallt gëtt um Marché a wann d'Patrone awer vläicht nach net sécher sinn, wéi geet et op laang Zäit weider. Da gëtt awer immens vill op d'Interimskontrakter zeréckgegraff.”

Virop am Logistik-Secteur klëmmt d’Demande fir Mataarbechter op Zäit. Dat ass awer och saisonsbedingt. Dernieft zitt d’Nofro an der Vente, am Bau an an der Santé un. Manner gutt gesäit et bei den Déngschtleeschtungen aus. Hei wär manner Nofro an et géife vill méi spezialiséiert Profiller gesicht ginn, erkläert de Marc Lebrun, Direkter vu Randstad Lëtzebuerg.

“Ça veut dire que nous, on doit augmenter aussi notre capacité à pouvoir trouver des candidats beaucoup plus compétents ou en tout cas avec des compétences beaucoup plus précises.“ Ob et deemnächst zu enger Relance um Aarbechtsmarché kéim, wär schwéier soen. Zemools am Kontext vun der Digitalisatioun an der rasanter Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz.
 

Interim-Aarbecht ee gutt Sprangbriet

Och bei der ADEM gesäit een am Moment net, datt de Chômage an den nächste Méint erofgoe wäert. Zwar ass d’Zuel vu gemellten Aarbechtsplazen déi lescht zwee Méint an d'Lut gaangen, parallel wär awer och de Chômage “kräfteg” geklommen, gëtt de Laurent Peusch ze bedenken.

Den Interim kéint awer ee Sprangbriet si fir een dauerhaften Aarbechtskontrakt. Dofir géif d’ADEM mat der Federatioun vum Interim-Secteur Workshoppen organiséiere fir Jonker mat oder ouni Uni-Ofschloss. ”Fir hinnen de Marché mol z'erkläre vum Interim. Uschléissend maache mer direkt "Jobdays" mat hinnen, wou se dann direkt kënnen a Kontakt komme mat Societéiten, fir an eng Interimsmissioun ze kommen.”

Der Federatioun vun den Interim-Agencen no sinn an den éischten aacht Méint vum Joer 1.800 Plazen op Zäit a permanent Aarbechtskontrakter ëmgewandelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO