Déi zwee Servicer fir physesch Rehabilitatioun a Post-Onkologie hunn de Betrib bannent zwou Wochen nees zu 75% opgeholl. Tëscht Enn Mäerz a Mëtt Juli war d'Struktur op Demande vun de Gesondheetsautoritéiten zu engem Centre de traitement pandémique ginn. An där Zäit gouf sech zu Kolpech ëm 114 Covid-19-Patiente gekëmmert. Zu 60% waren et Leit vun am Duerchschnëtt 75 Joer, déi duerch de Coronavirus schwéier erkrankt waren an no engem Spidolsopenthalt, zum Deel op der Intensivstatioun, weider op Hëllef ugewise waren.
En zweete Grupp vun Infizéierte ware Refugiéen a Sans-Abrisen, déi wéinst Covid-19-Symptomer hu misse betreit ginn oder net anerwäerts konnten isoléiert ginn.
D'Patiente sinn an der Moyenne 2-3 Wochen zu Kolpech bliwwen, bis se negativ waren an an eng aner adaptéiert Struktur verluecht goufen. Bis op Weideres ginn an der Croix-Rouge-Institutioun keng Corona-Infizéiert méi betreit. Wéi déi initial Reha-Aarbecht nees opgeholl gouf, sinn iwwregens nach emol sämtlech Mataarbechter zu Kolpech op de Coronavirus an Antikierper getest ginn. Bei kenger Persoun war d'Resultat positiv.

RTL-News: Nees e Rehabilitatiounszenter: De 17. Juli mécht Covid-Spidol zu Kolpech seng Dieren zou