Offiziell VisittRelatiounen tëscht Irland a Lëtzebuerg verdéiwen

RTL Lëtzebuerg
Den iresche Premier Leo Varad-Kar ass den Ament op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg.

E Freideg Owend gouf dat gréisst Finanzement fir e Projet aus dem Transportsecteur, wat d'europäesch Investitiounsbank jeemools guttgeheescht huet, ënnerschriwwen. 350 Milliounen Euro fir de Fluchhafen vun Dublin ze moderniséieren an dorënner och eng komplett Flott un elektresche Gefierer.

E weidere RDV war e bilateraalt Gespréich mam Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel, deen e grousse Wäert op déi gutt Relatiounen tëscht Irland an dem Grand-Duché geluecht huet. Relatiounen, déi mam Brexit nach verdéift solle ginn.

Back to Top
CIM LOGO