Suivi KeelRelogement vu concernéierte Leit vun Hausbrand ka verlängert ginn

RTL Lëtzebuerg
Ablécklech schaffen d'Sozialservicer vun de Gemengen Esch a Keel Hand an Hand, fir no Léisungen ze sichen.
© RTL Archivbild

Déi concernéiert Leit, déi beim Hausbrand de 6. Dezember zu Keel hir Wunneng verluer hunn, si bis den 11. Januar zu Esch relogéiert. Sollten iwwer deen Datum eraus Famillje keng nei Wunneng fonnt hunn, dierfte si fir 2 weider Wochen zu Esch/Raemerich wunne bleiwen. Dem Escher Buergermeeschter no sinn dëst Leit, déi schaffen, also och Loyer bezuelen.

Bei deem Brand war e Jong vu 6 Joer gestuerwen. Alles an allem sechs Familljen hunn am ofgebrannten Haus zu Keel gewunnt.

Back to Top
CIM LOGO