
Fir d’Nathalie Oberweis vun déi Lénk, déi dës Aktualitéitsstonn ugefrot haten, ass kloer, datt de Staat an d’Gemengen net genuch Terrainen hunn.
D’Excusë vu Promoteuren, awer och Politiker, datt Projete schleefe géife wéinst administrativ Hürden, wier dem Nathalie Oberweis no just eng Oflenkung vun der politescher Responsabilitéit. Ma déi Instrumenter, déi een hätt, géifen einfach net genotzt ginn:
“De Baulandvertrag läit am Tirang a riskéiert séier op Grond ze lafen, de Pacte Logement läit den Uspréch wäit hannendrun an féiert net onbedéngt dozou, datt méi ëffentlech gebaut gëtt. Ëffentlech Promoteure si beim Bau vu privaten Entreprisen ofhängeg, déi och Konkurrente sinn. Hei muss een nei Optioune préiwen, wéi zum Beispill d’Schafung vun enger ëffentlecher Baufirma.”
Vun engem politesche Versoen a Punkto Logement huet de Marc Goergen vun de Pirate geschwat: “Wann d’Gemengen oder de Staat en Terrain huet, soll en dee bebauen!”
Et wier eng gemeinsam Responsabilitéit vun de Gemengen an dem Staat huet de Logementsminister Henri Kox betount. Et bräicht een d’Gemengen an d’géif ee se och ënnerstëtzen, finanziell an awer och doriwwer eraus: “Iwwert de baileur social, dee soll kucken, datt déi richteg Leit an déi richteg Wunnenge kommen. An dofir kritt en och Geld.”
D’Regierung géif Geld an d’Hand huelen, fir datt d’Gemenge Subside kréien a kënnen investéieren, datt d’ëffentlech Hand investéiert an och fir all déi, déi an abordabel Wunnenge wéilten investéieren, huet de grénge Logementsminister nach ënnerstrach.