
D'ITM huet an deem Kontext annoncéiert, déi eenzel Dossieren ze kontrolléieren. Dat gëllt och fir net manner wéi ronn 830 Societéiten, déi keng Walen duerchgefouert hunn.
Am Ganze waren op den 12. Mäerz, 3.800 Betriber mat méi wéi 15 Mataarbechter opgeruff hir Personaldelegéiert ze wielen. Wéi d'ITM matdeelt, hätten 2.964 op déi elektronesch Plattform zeréckgegraff, fir hir Kandidaten unzemellen. Et ass nach d'Präzisioun, dass bedéngt duerch d'Digitalisatioun, déi éischt Resultater vun de Walen um Internetsite vun der ITM an der Nuecht vum 12. op den 13. Mäerz ëm genee eng Minutt op 12 konnte publizéiert ginn.
RTL NEWS: Sozialwalen 2019 - D'Resultater vun 2328 Betriber si bekannt