Schaffklima bei der PostResultater vun interner Enquête si katastrophal, esou d'Post-Syndikat

Roy Grotz
D'Gewerkschaft nennt den Detail awer net, wou genee de Schong dréckt a wat bei der interner Enquête eraus koum.

“D’Resultater vun enger interner Enquête iwwert de Schaffklima bei der Post si katastrophal a fuerderen urgent Mesuren”. Dat schreift de Post-Syndikat a senger rezenter Newsletter.

Wéi et do heescht, misst d’Postdirektioun direkt Mesuren nennen, déi op d’Suerge vun de Leit aginn, déi bei der Post schaffen. D’Post-Salariéen dierften och net ënner Drock gesat ginn, wéi dat bei individuelle Gespréicher mat Virgesetzten de Fall gewiescht wier, mee villméi empathesch nogelauschtert kréien.

D’Gewerkschaft nennt den Detail awer net, wou genee de Schong dréckt a wat bei der interner Enquête eraus koum.

Den zoustännegen Wirtschaftsminister liwwert eng Deel-Äentwert a seet, datt an der interner Enquête 63% vun de gefrote Post-Employéen soten, datt si zefridden op hirer Plaz wieren. 69% sote sech houfreg, fir d’Entreprise ze schaffen.

Den Taux weist also keng Unanimitéit an der Qualifikatioun vum Schaffklima bei der Post, sou datt d’Enquête och am Verwaltungsrot diskutéiert gouf - wéi de Franz Fayot seet, géif zesummen mat de Personalvertrieder en Aktiounsplang ausgeschafft ginn, fir op Probleemer anzewierken - alt nees gëtt net preziséiert, wat dat genee ass.

D’Prezisiounen zum Aarbechtsklima bei der Post hat den DP-Deputéierte Gusty Graas an enger parlamentaresch Fro gestallt.

Back to Top
CIM LOGO