ArcelorMittalRetarde beim Bauprojet vum neie Sëtz um Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
U sech sollt dëst Gebai 2024 fäerdeg sinn. Ma aktuell gesäit et net dono aus, wéi wann dëst méiglech wier.
© RTL (Archiv)

Dat schreift d'Land a berifft sech op Source beim Stolgrupp respektiv dem Staatsministère. Wéi et heescht, wieren Negociatiounen tëscht der Regierung an ArcelorMittal op héchstem Niveau am Gaang, méi wollt awer keng vu béide Säite soen. Och gouf et keng Informatiounen, ob de Projet eventuell ëmgeännert gëtt.

U sech soll den neie Sëtz vun ArcelorMittal, dee vum renomméierte Paräisser Architekte-Büro ëm de Jean-Michel Wilmotte entworf gouf, eng Fläch vu bal 61.000 Meter Carré hunn.

Geplangt ass eng nohalteg Stolkonstruktioun, déi komplett mat Glas verkleet ass, wouvunner de Stol ka recycléiert ginn, fir eng spéiderhin eventuell eng nei Konstruktioun.

Den historesche Sëtz vun ArcelorMittal an der Neier Avenue war jo un d'Spuerkeess verkaf ginn.

Back to Top
CIM LOGO