SüdspidolRetarden, well Bauhär ëmmer nees Changementer vum Bauprojet wollt

RTL Lëtzebuerg
Den ëisterräicheschen Architektebüro HTE huet Explikatioune ginn, firwat een de Kontrakt fir d'Südspidol ze bauen, virun 2 Woche gekënnegt krut.

Notamment wier et zu de Retarde komm, well de Bauhär, also Escher Spidolsgrupp CHEM, ëmmer nees Changementer um initiale Projet wollt.

Et géif een déi aktuell Situatioun bedaueren, ma wier awer frou, dass de Projet weider säi Wee géif goen, schreiwt d'Aarbechtsgemeinschaft "Health Team Europe", an et wier ee bereet de Projet ze iwwerginn.

D'Finanzéierungsgesetz an Héicht vun bal 540 Milliounen Euro gouf jo am Summer virun 3 Joer guttgeheescht. HTE war fir d'Bau-Zomm vu ronn 300 Milliounen responsabel.

Den initiale Projet wier mëttlerweil awer staark vun enger Apperzuel un Avenanten impaktéiert, déi derzou gefouert hunn, dass de Schratt vum Plangen hin zum Bauen esouvill Retard krut, schreift HTE. Mam Ufank vun den Aarbechten ass elo fir fréistens Enn 2023 ze rechnen.

Back to Top
CIM LOGO