Am LokalenRëtsch Accidenter mat Blesséierten zanter e Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, hat et e Mëttwoch den Owend, respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg, e puer Mol gerabbelt op eise Stroossen.
© CGDIS Archivbild

Ugefaange géint 16.45 Auer um CR119 op der Héicht vum Stafelter. Eng Fra hat d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass op déi aner Stroossesäit an de Gruef geroden, wou den Auto sech iwwerschloen huet. Déi blesséiert Automobilistin huet missen an d'Spidol gefouert ginn.
Tëscht Réiden an Ell koum géint 18.40 Auer e Won un d'Schleideren an ass op der Héicht vun engem Eefamilljenhaus an eng Mauer gerannt. D'Automobilistin ass fir eng Kontroll an d'Spidol komm.

Géint 3.40 Auer ass tëscht Uespelt a Fréiseng enger Fra e Grupp Wëllschwäin virun den Auto gelaf. Wéi d'Automobilistin auswäiche wollt, koum den Auto vun der Spuer of, ass an de Gruef geflunn an huet dobäi ee Bam gesträift. Och si ass fir eng Kontroll an d'Spidol gefouert ginn.

An all kéiers ee Blesséierte gouf et och bei Autosaccidenter an der Stad, tëscht Iechternach a Steenem an tëscht Nidderfeelen an dem Wandhaff.

Och um Donneschdeg de Moie koum et zu Tëschefäll. Kuerz virun 8 Auer krute sech zu Bäreldeng 3 Gefierer ze paken. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

Géint 10.15 Auer ass een Auto op der Héicht vu Wallenduerf-Bréck an e Bam gerannt an um 10.50 Auer si beim P&R Bouillon an der Stad  en Auto an e Camion net laanschtenee komm. A béide Fäll ass all kéiers ee Blesséierte ze bekloen.

Back to Top
CIM LOGO