Ee Blesséierten am MëllerdallRettungshelikopter wéinst Chute vu Motocyclist am Asaz

Samantha Weber
De CGDIS mellt zwee Accidenter e Sonndeg de Mëtteg, bei deem jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
De Rettungshelikopter war e Sonndeg de Mëtteg bei engem Accident am Mëllerdall am Asaz.
© Emile Mentz

Ee Blesséierte gouf et deemno géint 11:28 Auer zu Déifferdeng an der Grand Rue, wéi en Auto accidentéiert ass. Am Asaz waren d'Pompjeeë vum Zenter Suessem-Déifferdeng an d'Ambulanciere vun Esch.

Um CR356 vum Mëllerdall Richtung Konsdrëffer Millen ass géint 13:21 Auer e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert. Hei war de Rettungshelikopter zesumme mat den Ambulancieren aus der Fiels an de Pompjeeë vu Waldbëlleg am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO