
Eng Persoun huet missten mam Rettungshelikopter op de Kierchbierg an d’Spidol bruecht ginn.
Wéinst dem Accident gouf et um 16.50 Auer eng 10 Kilometer Réckstau bis bei d'Sortie Cargocenter.
Nodeems d'Streck nees op war, huet den Trafic sech lues a lues normaliséiert.
Op der Plaz waren nieft dem Rettungshelikopter de Samu aus der Stad, grad ewéi d'Pompjeeën an zwou Ambulanze vun do, ausserdeem d'Police an d'Ponts et chaussées.