MedieberichterReunioun tëscht dem Premier an der Maison du Grand-Duc

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf et eng weider Reunioun tëscht dem Premier Xavier Bettel an der Maison du Grand-Duc. Dat mellt de Radio 100,7.
Et ass d'Suite vun enger Reunioun am Januar iwwer d’Organisatioun an de Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc.
Et ass d’Suite vun enger Reunioun am Januar iwwer d’Organisatioun an de Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc.
© SIP

Et ass d’Suite vun enger Reunioun am Januar iwwer d’Organisatioun an de Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc. Et war jo och nees riets vun Tensiounen, déi et um Haff gouf. E Mëttwoch hätt et e konstruktiven Austausch ginn. Eng méi detailléiert Analys vu verschiddene méi techneschen Aspekter vum Fonctionnement vun der Verwaltung soll gemaach ginn. Eventuell Verbesserunge sollen an den nächste Méint an enger weiderer Reunioun proposéiert ginn, sou den 100,7.

Enn Dezember hat d’Lëtzebuerger Land vun neien Tensioune geschriwwen, déi et ënnert anerem am Kontext vun de Preparatioune vun der Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra ginn hätt.

Déi Hochzäit ass e Samschdeg de Mëtteg an der Stater Märei um Knuedler. D’Zeremonie an der Kierch ass dann d’nächst Woch zu Bormes-les-Mimosas am Süde vu Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO