
An engem Bréif un de Chamberpresident schreiwen d’Co-Fraktiounscheffen Hansen a Roth, datt am Chambersreglement virgesi wier, datt den Debat iwwert d’Lag vun der Natioun an der Reegel am éischte Semester soll stattfannen.
An de leschten 3 Joer wier dat awer ëmmer eréischt am Hierscht gewiescht, e puer Woche virun de Budgetsdebatten. Dat wier politesch net appropriéiert, sou d’CSV. D’Partei freet deemno, datt de Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun nees am éischte Semester hält.