D'Reform vum RMG ass ënnert dem Stréch effektiv positiv ma et gi méi wéi nëmme Schéinheetsfeeler beim Projet vum neie Revenu d'inclusion sociale wéi en am Januar vun der Familljeministesch Corinne Cahen deposéiert gouf. Dat sot e Méinden de Moien eisen Invité vun der Redaktioun, de Robert Urbé vun der Caritas.
De President vum Direktiounscomité fënnt et grondsätzlech richteg, datt RMGiste méi encouragéiert ginn, fir erëm schaffen ze goen. Nawell géifen et Fäll, déi aus verschiddenen Ursaachen net kënne voll schaffe goen. Hei komme verschidde Leit am neie System méi schlecht ewech. Do misst ee sech iwwerleeën, wéi een dat ausgläiche kann, sou de Robert Urbé.
E Méindeg de Moien um 10 op 8 war de President vum Direktiounscomité vun der Caritas Invité vun der Redaktioun.
Hei wier et besser gewiescht de Montant un déi effektiv Fraise vum Loyer ze koppelen. Natierlech mat enger Limite no uewen. Do hätt een dann och méi fir d'Kanner maache kënnen.
Datt den neie Revis sou laang op sech waarde gelooss huet, obwuel e schonn am Regierungsprogramm 2013 mat praktesch allen Detailer dra stoung, kann de Robert Urbé net novollzéien. D'Caritas hätt schonn 2011, 2012 eege Proposen an enger Etude gemaach a viru 4 Joer schonn an engem Aarbechtsgrupp am Ministère un der Reform matgeschafft. Duerno hätt et net méi vill Kontakter ginn.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.