D'Stëmmung bei de Mataarbechter am Bankesecteur ass den Ament e bëssen um Déifpunkt. Dat sot de President vun der Aleba Roberto Scolati e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. De Bankesyndikat hat en Dënschden den Owend Generalversammlung.
Dem Roberto Scolati no, wieren d'Mataarbechter an de Banken ëmmer méi Drock ausgesat, wéinst de ville Reguléierungen.
D'Banke géife wuel nach astellen, ma dacks ganz spezifesch Profiller. Mataarbechter déi an d'Pensioun ginn, géifen dacks net ersat. Dat heescht, datt deen Eenzele méi Aarbecht a manner Zäit huet.
Zanter dem Ufank vum leschte Joer hu bis zu 350 Leit op der Bankeplaz via e Sozialplang hir Plaz verluer. Eleng dëst Joer goufe bis ewell 4 Sozialpläng ënnerschriwwen, sou de Gewerkschaftspresident.
En Donneschde gëtt den neie Bankekollektivvertrag ënnerschriwwen, deen nëmme bis Enn des Joers gëllt. Nom Kollektivvertrag ass also virum Kollektivvertrag. Dem Roberto Scolati no, wieren d'Verhandlungen awer ni richteg ofgeschloss ginn. Ma et gëtt einfach weider verhandelt. D'Zil ass méi e moderne Kollektivvertrag auszeschaffen deen nees fir 3 Joer gëllt.
Kritesch gesäit de Gewerkschaftspresident d'Formatiounsméiglechkeete vun de Mataarbechter. D'Offer géif den Ament net duergoen. Dee Volet soll och am neie Kollektivvertrag verankert ginn.
E Mëttwoch organiséieren d'Gewerkschaften iwwregens e Protestpiquet virun der Mitsubishi Bank. Dat net am Kontext vun de Kollektivvertragsverhandlungen. D'Syndikater kritiséieren, d'Bank géif sech net un d'Gesetzer halen andeems e Personaldelegéierten, deen entlooss gouf, trotz Geriichtsuerteel, net méi agestallt gëtt.
Den Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch um 10 op 8 Auer war den Aleba-President.
D'Aleba huet um Mëttwoch och manifestéiert, virum Sëtz vun der Mitsubishi Bank op der Areler Strooss.
Virun engem Joer war ee vun den Employéeën vun der Bank an Aleba Delegéierte vum Patron ënner Drock gesat ginn a sollt doropshin op eng aner Platz versat ginn. De Mann huet dat dunn awer viru Geriicht kontestéiert, well d'Gesetz dat fir ee Gewerkschaftsdelegéierte verbitt.
Zwou Geriichtsinstanzen hunn dem Salarié Recht ginn. Hie misst reintegréiert ginn.
Der Aleba no refuséiert d'Bank awer weiderhin all Sozialdialog. D'Gewerkschaften - och den OGBL- fuerderen, dass d'Urteel vum Geriicht respektéiert gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.