De President vun der Journalistenassociatioun ALJ Roger Infalt huet en Donneschden de Moie bei eis am Studio begréisst, datt d'Riichter am Appellprozess vun der Luxleaks-Affär fir de Journalist dat zeréckbehalen hunn, wat déi ganz Press vun Ufank u gesot huet, an hien dowéinst och an zweeter Instanz fräigesprach gouf.
Den Edouard Perrin hätt seng Aarbecht gemaach. Net méi an och net manner. Wat de Fall vun de fréiere PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphael Halet ugeet, vermësst de Roger Infalt eng gewësse Kohärenz an der Argumentatioun vun de Riichter. D'Appelluerteel géif weisen, datt een zu Lëtzebuerg net genee weess, wéi ee mat Whistleblower ëmgoe soll.
Et gëtt héich Zäit, datt mer eis zu Lëtzebuerg Gedanken iwwert de Whistleblowing maachen, sou de Roger Infalt. D'ALJ fuerdert zanter 2004 elo schonn och e speziellt Informatiounsrecht fir Journalisten. Et hätt ee vill Entrevuë gehat, ma déi politesch Responsabel wéilten nach ëmmer net drugoen obwuel d'ALJ dem Premier a Medieminister Xavier Bettel e fäerdegen Text presentéiert huet, un deem ee sech inspiréiere kéint.
En Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de President vun der ALJ den Invité vun der Redaktioun.