Invité vun der Redaktioun (15. Juni)Roland Kuhn iwwert d'Handwierk zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Den Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de President Sortant vun der Chambre des Métiers, de Roland Kuhn.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Roland Kuhn (15. Juni)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Chambre des Métiers huet en neie President, de Pâtissier Tom Oberweis. Dee vu bis ewell, den Entrepreneur Roland Kuhn, war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Et hätt een déi lescht 10 Joer vill erreecht. Am Handwierk schaffen haut 85.000 Leit a 7.000 Betriber. Mä – wéi op ville Plazen – gëtt et e Problem mam Nowuess. Et géif een och einfach keng Leit méi fannen, sou de Roland Kuhn.

Roland Kuhn

Et misst ee kucken nei Leit eran ze kréien. Bei der portugisescher Communautéit, déi ganz wichteg wier, géif et ëmmer manner Nowuess ginn. Et misst een elo kucken, wou ee Leit siche geet. Mä wann een zb an Osteuropa geet, misst een déi Leit och logéieren. Dat ass net evident mat den héije Logements- oder Terrainspräisser. Do misst een nei, innovativ Iddien hunn. D'Leit wären immens wichteg, well et wär d'Kapital vum Handwierk, sou de Roland Kuhn.

Den Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de President Sortant vun der Chambre des Métiers, de Roland Kuhn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO