
D'Nolebeem, an am Speziellen d'Dänne, ginn och hei am Land massiv vum Holzbock (op däitsch "Borkenkäfer") befall. Wéinst den 2 waarme Summeren an der Dréchent huet dëse Keefer sech dann och konnte massiv verbreeden an eben och d'Beem befalen.
Well se krank waren hu bis dato a Staatsbëscher bal 56.000 Meterkibb Holz misste gehae ginn, dëst mécht eng ronn 18.000 Dännen aus.
Natierlech kann d'Ministesch keng genee Chifferen iwwert d'Dännen nennen, déi duerch den Holzbock a private Bëscher befall goufen, mä dës Schied dierften identesch sinn, zemools am .
Dëse Summer war d'Situatioun nach méi akut an d'Ministesch schätzt datt bis zur Halschent vun allen Dännebëscher am Land komplett oder ganz vum Holzbock befall sinn.
Et géif déi nächst Jore carrement de Risk vun enger Pandemie bestoen, ëmsou méi d'Dännebëscher al wieren an de Gesondheetszoustand vun dëser Bamzort net gutt wier.
Un d'Bëschpropriétairë gëtt ënnert anerem den Appell, eng Dänn, déi vum Holzbock befall ass, ze haen an aus dem Bësch erauszehuelen. Gefrot gëtt och, datt beschtefalls keng nei Dännebëscher méi geplanzt ginn, vrun allem Monokulture vun dëser Zort Beem.
Proprietären, deenen hir Bëscher duerch den Holzbock zerstéiert goufen, kënnen och Entschiedegunge froen. D'Montante vun dësen Dedommagementer goufen nach am Fréijoer verduebelt.