No Rettungsaktioun zu NidderkolpechRonn 20 Kaarpen hunn am Préizerdaul eng nei Heemecht fonnt

Marc Hoscheid
Datt de Weier zu Nidderkolpech bal kee Waasser méi huet, ass ee Resultat vun der extreemer Dréchent.
Ronn 20 Kaarpen hunn am Préizerdaul eng nei Heemecht fonnt
Datt de Weier zu Nidderkolpech bal kee Waasser méi huet, ass ee Resultat vun der extreemer Dréchent.

Et si Biller, bei deenen all Déierefrënd d'Häerz bludden dierft. Well extrem wéineg Waasser am Weier hannert dem Rehabilitatiounszentrum vum Roude Kräiz zu Nidderkolpech ass, bestoung en Donneschdeg d'Gefor, datt d'Fësch stierwen. Nodeems d'Déiereschutzorganisatioun ALPA esouwuel d'Rout Kräiz, wéi och d'Gemeng Ell iwwert d'Situatioun informéiert hat, gouf probéiert, sou séier wéi méiglech eng Léisung ze fannen. Dat war awer guer net sou evident, wéi de Buergermeeschter vun Ell Claude Schmit erkläert.

"Et waren zwou Léisungsméiglechkeeten, entweder Waasser nofëlle vu baussen, well vun der Baach kënnt näischt, de Weier gëtt vun där alimentéiert, an dat anert wär mat Fässer Waasser hei hinner kréien. D'Gemeng Ell huet selwer ee Wäschbuer zu Ell, dee mer hätte kéinten unzapen, mee déi Quantitéit, déi hei gebraucht gëtt, dat hätte mer net hikritt, och net mat grousse Fässer oder engem Camion."

Et wier relativ séier kloer ginn, datt d'Fësch op eng aner Plaz bruecht misste ginn. Hien hätt du mat de Buergermeeschteren aus den Nopeschgemenge geschwat an um Enn hätt säin Homolog aus dem Préizerdaul den decisive Kontakt vun enger Privatpersoun geliwwert. Och wann e puer Fësch net iwwerlieft hunn, konnte mat der Hëllef vum Waasserwirtschaftsamt awer eng 20 Kaarpen an 2 Koie gerett ginn. Eng Partie méi kleng Fësch sinn iwwerdeems nach am Weier. Ma och wann d'Aktioun gutt ausgaangen ass, misst ee sech mat Bléck op déi extreem Dréchent uechter d'Land awer eng Partie grondsätzlech Froe stellen.

"Mir mussen iwwert de Klimawandel schwätzen, diskutéieren an dat geet eleng net duer, heiansdo wäert et d'Leit och nerven, mee mir mussen eppes maachen, d'Politik muss agéieren, jidderee muss agéieren, dat ass kloer. An ech mengen och, mir als Gemeng maachen do eis Hausaufgabe sou gutt wéi et geet an all déi aner Gemengen am Land och, mir mussen do zesummen un engem Strang zéien."

Wat déi nei Heemecht vun deene ronn 20 Kaarpen ugeet, sou ass dat ee Privatweier an der Géigend vu Proz, dee vun enger Quell alimentéiert gëtt. De Weier deele sech déi nei Bewunner iwwerdeems mat enger Partie Frellen, déi scho virdrun hei gelieft hunn. Vläicht kann och mol deen een oder anere vum Roude Kräiz hei hinner kucke kommen, wann en Inspiratioun braucht, fir den eegene Weier nei ze amenagéieren.

Back to Top
CIM LOGO