Bilan CGDISRonn 500 Pompjeeën ware wéinst Bränn déi lescht Deeg am Asaz

Maxime Gillen
Et waren ustrengend Woche fir d'Fraen a Männer vum CDGIS. Mat den Temperaturen ass och d'Zuel vun de Bränn an der Natur an d'Luucht gaangen.
Bilan CGDIS
Et waren ustrengend Woche fir d'Fraen a Männer vum CDGIS. Mat den Temperaturen ass och d'Zuel vun de Bränn an der Natur an d'Luucht gaangen.

Et waren ustrengend Woche fir d'Fraen a Männer vum CDGIS. Mat den Temperaturen déi lescht Deeg ass och d'Zuel vun de Bränn an der Natur an d'Luucht gaangen. Eng Tendenz op déi sech d'Pompjeeën och zu Lëtzebuerg mussen astellen. De Mëtteg huet d'Inneministesch Taina Bofferding zesumme mat der Direktioun vum CGDIS de Bilan vun de leschte Woche gemaach.

Bilan CGDIS - Reportage Maxime Gillen

Alles an allem wiere bei de Vegetatiounsbränn vun de leschten Deeg méi wéi 500 Pompjeeën am Asaz gewiescht. Déi lescht Jore wieren dës Asätz allgemeng méi heefeg ginn, heescht et vum CGIS. Eleng am Juli dëst Joer sinn d'Pompjeeën 242 Mol wéinst Bränn geruff ginn. Dovu 67 Mol well Hecken, Felder oder Bëscher gebrannt hunn.

Bei engem Feier op engem Feld, dat sech wéinst der Dréchent immens séier ausgebreet hat, ass leschten Donneschdeg zu Hamm jo och e Pompjeescamion de Flamen zum Affer gefall. Kuerzfristegen Ersatz koum vun de Pompjeeë vun Nidderkuer a Schëtter. En neie Camion soll awer schonn Enn dës Joers kommen, wéi de Generaldirekter vum CGDIS, Paul Schroeder erkläert.

© Pierre Weimerskirch

„Doriwwer eraus ass et esou, dass mir eng Ausschreiwung lafen hunn, fir deen Typ vu Gefierer, wéi deen dee mir elo zu Hamm verluer hunn. Dovu war ee Gefier virgesi fir den Institut de Formation. Do hu mir decidéiert, dass dat Gefier, dat bis Enn des Joers wäert geliwwert ginn, op Hesper soll kommen.“

Fir de Formatiounszenter soll dann en neie Camion bestallt ginn. Am Kader vun de Bränn déi lescht Deeg, ass och d'Diskussioun vun Helikopteren, déi beim Läsche kéinten hëllefen, erëm opkomm. D'Air Rescue hat an dem Kader monéiert, dass een zwar e sougenannte Bambi-Bucket, also e groussen Eemer fir ënnert den Helikopter ze hänken, hätt, ma déi néideg Formatioune fir d'Piloten net kéint a wéilt vun de Memberscotisatioune bezuelen. D'Ministesch huet haut erkläert, dass ee fir d'éischt e Konzept wéilt ausschaffen, wéi Helikoptere solle genotzt ginn, an da géif een sech och iwwert dat finanziellt eens ginn.

Den Asaz vun Helikoptere wier sécherlech a verschiddene Fäll hëllefräich, ma zu Lëtzebuerg wiere Vegetatiounsbränn an der Haaptsaach Handaarbecht, betount iwwerdeems nach de Generaldirekter vum CGDIS, Paul Schroeder.

„Mir hunn hei Vegetatioune wou de Bam selwer net brennt. Wann Dir dann uewen op de Laf Waasser geheit, da kënnt natierlech och en Deel vum Waasser ënnen um Buedem un, mä et kënnt awer net geziilt do un, wou et brennt. Dir hutt vläicht Biller am Kapp vum Fernseh, wou aus de Bëscher héich Flamen erausschloen. Déi Flamen, déi mir elo zu Hamm oder och lescht Joer zu Schlënnermanescht oder och elo um Schumannseck haten, dat si Flamen, déi eng Héicht hunn vun 30, 50 Zentimeter an déi eben ënnen iwwert de Buedem ginn a wou ee muss mat Handaarbecht dat Feier ausmaachen.“

D'Bekämpfung vu Vegetatiounsbränn soll dann an Zukunft och nach méi intensiv an d'Formatioun vun de Pompjeeën integréiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO