20 nei Petitiounen onlineRoude Léiw als Nationalfändel, neien Design fir d'Policeautoen an digital Parkscheif gefuerdert
Zanter en Donneschdeg si 20 nei Petitiounen online, déi bis de 4. November op d'mannst 5.500 Ënnerschrëften musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.
Verëffentlecht: 25.09.26 09:56, Update: 25.09.26 09:57
D'Fuerderunge vun de Petitionäre ginn nees vu bis: De Roude Léiw soll den neie Nationalfändel vu Lëtzebuerg ginn, den Tiers-payant obligatoresch generaliséiert oder eng digital Parkscheif ageféiert ginn. Och en neien Design vun de Policeautoe gëtt gefrot.
Déi ganz Lëscht fënnt een op petitiounen.lu.