
Den RTL Group hat d’lescht Joer e Resultat op Rekordniveau, mat engem Gewënn vu knapp 1,5 Milliarden Euro. Dat Joer virdru waren et nach gutt 600 Milliounen. Fir 2022 gëtt mat engem Ëmsaz vu ronn 7,4 Milliarden Euro gerechent. De Gewënn virun Zënsen, Steieren an Amortisatioune soll bei 1,15 Milliarden Euro bleiwen.
Zum RTL Group gehéiere 67 Tëlee-Senderen, 10 Streamingplattformen an 39 Radiosendere queesch uechter Europa. Gréissten Aktionär vum RTL Group ass Bertelsmann.