Jugendchômage - eng batter RealitéitRTL huet eng jonk Fra bei der Aarbechtssich begleet

RTL Lëtzebuerg
Den 31. August 2020 waren 18.525 Awunner aus dem Grand-Duché op der Sich no enger Aarbecht. Dovunner waren 3.945 Persounen tëscht 16 an 29 Joer al.
Jugendchômage - eng batter Realitéit
RTL huet mat 5 jonke Mënsche geschwat, déi elo grad nees probéiere Fouss um Aarbechtsmarché ze faassen.

Dat sinn 34,5% vun der gesamter Unzuel un Demandeurs d'Emploi. Tendenz no uewen. De Jugendchômage ass eng batter Realitéit zu Lëtzebuerg. Dacks gëtt een als liddereg oder domm ofgestempelt. Ma et sinn der awer vill, déi struewelen an déi virun allem nees wëllen eraus an d’Aarbechtswelt.

Grënn, wisou ee Jonken am Chômage wier, wieren verschidden, sou d’Ariane Toepfer vu "Youth and Work", enger Organisatioun, déi gratis Coaching fir jonk Aarbechtsloser ubitt. Dacks wier et natierlech déi néideg akademesch Formatioun, déi géing feelen oder et hätt een déi zwar, mä et hätt ee perséinlech souvill Problemer, dass een et net méi geréiert kritt. Bei "Youth and Work" gëtt hinne gehollef an et gëtt och nees un hirem Selbstvertrauen geschafft, well wat ee méi laang ouni Aarbecht ass, wat ee méi onsécher a frustréiert géing ginn.

A virun allem mat der Corona-Kris gesäit d’Situatioun nach méi schlëmm aus. D’Zuele sinn an d’Luucht gaangen a wéi dat a sou Situatioune wier, wiere virun allem déi fragilste Persounen aus dem Secteur, déi am stäerkste betraff wier, sou d’Direktesch vun der Adem Isabelle Schlesser.

Et misst dru geschafft ginn, dass souwuel déi Jonk motivéiert bleiwen an och d’Patrone gewëllt sinn, och Jonken eng Chance an hirem Betrib ze ginn.

Mir hunn d’Catarina suivéiert, dat elo endlech nees en Job huet, an hunn och mat 5 Jonker geschwat, déi elo grad nees probéiere Fouss um Aarbechtsmarché ze faassen.

Back to Top
CIM LOGO