Den neie Radio op EngleschRTL Today Radio - Elo live on air

RTL Lëtzebuerg
Véier Joer, nodeems RTL déi englesch Websäit "RTL Today" lancéiert huet, ass d'Ekipp houfreg, säi ganz eegene Radiosender "RTL Today Radio", virzestellen.
RTL Today Radio, the brand-new radio in English
Four years after launching the English website “RTL Today”, the team is now proud to present its very own radio station “RTL Today Radio”.

Stellt Iech vir, Dir huelt den “Number 1" engleschen Internetsite zu Lëtzebuerg - RTL Today - an Dir füügt deem Ganze lauter staark an interessant Stëmme souwéi eng lëschteg an interaktiv Ambiance bäi. Wat dobäi erauskënnt, ass den RTL Today Radio, dee neien englesche Radio zu Lëtzebuerg.

RTL Today Radio ass den „Heartbeat of Luxembourg (Häerzschlag vu Lëtzebuerg) a bréngt Iech all Dag Neiegkeeten, lokal Eventer, en Abléck an d’Liewen zu Lëtzebuerg, Trafic, Meteo, Sport, Spiller a villes méi. Genee esou wéi d’Internetsäit ass de Radio lëschteg, frëndlech, interaktiv, an ëmmer en Deel vun der Communautéit. E Radio fir jiddereen an zu all Moment.

Mat dräi Live-Emissioune vu méindes bis freides, sou wéi engem flotte Weekend-Programm, ass RTL Today Radio och déi eenzeg englesch Radiosoffer ronderëm d’Auer zu Lëtzebuerg. De Moie fänkt mat gudder Laun mam Sam Steen un, lockert nach eng Kéier musikalesch op iwwert d’Mëttesstonn mam Stephen Lowe a geet mat vill Freed a Spaass mam Melissa Dalton an de Feierowend. Wa keng Live-Emissioune sinn, spillt de Radio eng eenzegaarteg Selektioun u Musek, déi vu kengem anere wéi vun der Musek-Enzyklopedie op zwee Been, dem Stephen “Steps” Lowe, zesummegestallt gëtt. Ob een elo léiwer klassesch Hits oder Lidder vun neie Museker a lokal Talenter wëll lauschteren, et ass fir jiddereen eppes dobäi.

Lauschtert elo RTL Today Radio op www.today.radio oder op RTLplay.lu. De Radio gëtt et och als App op Android, iOS an Apple Car Play. De Radio-Stream, d’News, den Trafic an d’Meteo kënnt Dir och via Alexa Skills lauschteren. Donieft ass RTL Today Radio och nach op der Radio Web TV disponibel, wou seen d’Animateuren dann och nach live wärend hiren Emissioune ka gesinn.

Followed eis op Instagram, Facebook an Twitter!

D’Emissiounen

  • The Sam Steen Show: Stitt all Moie mat enger lëschteger a frëndlecher Mëschung vu Musek, Spiller, Neiegkeeten, Kultur a Community-Infos op!
  • The Lunchbox with Stephen “Steps” Lowe: Dee Moment vum Dag, op deem fir d’éischt déi bescht nei Musek gespillt gëtt. Et ass och déi Plaz, déi een aschalt, fir seng nächst nei Liblingsband ze entdecken. Witzeg a frëndlech.
  • The Home Stretch with Melissa Dalton: Komm gutt heem mam Melissa Dalton a senger Mëschung vu lëschtege Spiller, spannende Geschichten a groussen Hits. Do ass matsange garantéiert.
  • Talking Music: Eng Stonn fir d’Musek mat Gäscht aus de Lëtzebuerger Musekszeen, déi hire Programm vum Mount virstellen. Dobäikommen Interviewe mat Bands a Kënschtler.
  • The Lisa Burke Show: E Wocheréckbléck vun den News, eng Rubrik fir d’Kultur an en Interview mat interessante Leit aus der Lëtzebuerger Gesellschaft, wéi zum Beispill aus der Konscht, der Literatur, der Wëssenschaft an der Politik.
  • The DB3 Show: All Samschdeg daucht den David “DB3" Burrowes an d’Lëtzebuerger Musekszeen an, entdeckt a presentéiert déi vill talentéiert Kënschtler, déi zu Lëtzebuerg schaffen. Et wäerten och mol Live-Interviewen a Performancen dobäikommen. Sonndes presentéiert den David eng méi eklektesch Mëschung vun neien a klassesche Lidder.
  • The UK Chart Show: Animéiert vum Elliot Darby, de BBC Radio “1’s Early Breakfast"-Presentateur, ass dës Emissioun e Wocheréckbléck op déi meescht verkaafte Singelen a Groussbritannien.
  • The Ben Andrews Show: Eng speziell selektionéiert Mëschung un zukünftegen Hits, aktuelle Favoritten a klassesche Melodien. Presentéiert gëtt dës Show vun engem laangjäregen an talentéierte Presentateur, de Ben Andrews.
  • Letz Talk Sport: E lëschtegen an éierleche Wocheréckbléck op déi gréissten international Sportnews, mat engem spezielle Fokus op de lokale Sport. Presentéiert an animéiert vum Rugby-Spiller Scott Browne an dem fréiere professionelle Squash-Spiller, deen elo Trainer ass, den Nathan Sneyd.
  • Hours of Power: Speziell zesummegestallte Playlists fir eis Nolauschterer duerch den Dag ze begleeden!

Melissa Dalton iwwert den RTL Today Radio: “Et war d’Chance vu mengem Liewen”

De Sam Steen ass gebiertegen Irlänner an huet vun elo d’Morning Show vun 06:00 bis 10:00 Auer an hie freet sech, dass et elo endlech lass gaangen ass: “Et ass schonn zanter Laangen an eise Käpp. Mir haten d’Iddi fir dëse Projet viru 6 Méint an hunn zanter deem déi lescht 3-4 Méint nonstop dru geschafft, fir déi ganz Ekipp zesummenzestellen. A lo si mir bal do a mir sinn immens opgereegt an och bëssi nervös.”

Och fir d’Melissa Dalton, dat dir elo an der Woch vun 16:00 bis 19:00 Auer wäert héieren, ass dat heiten eng Premiere. Déi forméiert Schauspillerin huet virdrun nach kee Radio gemaach, mee et war awer schonn ëmmer en Deel vun hirem Liewen: “Et war d’Chance vu mengem Liewen. Ech mengen, ech wier verréckt gewiescht, wann ech Nee gesot hätt. Radio ass eppes, dat ëmmer e groussen Deel vu mengem Liewen ausgemaach huet. Doheem, wou ech grouss gi sinn, waren ëmmer 5 Radioen am ganzen Haus un. Wann ech erwëscht sinn, war en un. A fir mech ass et e Begleeder an eng Communautéit. Ech fannen et flott, wann doheem eppes leeft an ech fannen et super, dass e Radio eng Communautéit aus sengen Nolauschterer ka maachen. Wa Leit eis da schreiwen an Noriichte mateneen deelen. Dat ass eppes ganz Spezielles.”

Den neie Radio op Englesch
Melissa Dalton iwwert den RTL Today Radio: “Et war d’Chance vu mengem Liewen”.

Back to Top
CIM LOGO