Symboleschen AktRue Vaclav Havel: "Ee groussen Europäer"

Serge Pauly
No der Ukrain-Konferenz zu Paräis goung et fir de Premier Xavier Bettel direkt zeréck op Lëtzebuerg.
Rue Vaclav Havel: "Ee groussen Europäer"
No der Ukrain-Konferenz zu Paräis goung et fir de Premier Xavier Bettel direkt zeréck op Lëtzebuerg.

An dat a Begleedung vu sengem tschecheschen Homolog Petr Fiala. Déi zwee Regierungscheffen hate sech nämlech Rendez-vous ginn, fir eng Strooss ze deefen. An enger Cité um Kierchbierg gëtt et zënter en Dënschdeg offiziell eng “Rue Vaclav Havel”. E symboleschen Akt, fir e groussen Europäer ze éieren an d’Lienen tëscht béide Länner ze verdéiwen.

Et ass eng Strooss, an där nawell e kale Wand bléist. Trotzdeem hunn déi zwee Regierungscheffen et sech net huele gelooss, dëst Stroosseschëld perséinlech anzeweien. Et ass eng Daf-Zeremonie, déi an dësen Zäiten, wou och an der internationaler Weltpolitik e kale Wand bléist, duerchaus Symbolcharakter huet.

Geéiert gëtt mam Vaclav Havel nämlech e Schrëftsteller a Politiker, dee sech fir déi westlech Valeuren a fir déi international Kooperatioun staark gemaach huet. Als Biergerrechtler huet hie sech géint de kommunistesche Regime engagéiert a souz dowéinst och fënnef Joer am Prisong.

An der Rue Vaclav Havel steet dann och e Monument, wou een dat warscheinlech bekanntsten Zitat vum tschechesche Biergerrechtler lauschtere kann: “D’Wourecht an d’Léift mussen iwwert d’Ligen an den Haass triumphéieren.

En Zitat, dat den tschechesche Premier och am aktuelle Kontext vum Ukrain-Krich interpretéiert: “Et ass net gesot, dass sech déi humanistesch Valeure séier duerchsetzen oder dass et einfach ass. Mä et bleift eng Wourecht, well Ongerechtegkeeten an Ënnerdréckung vun Natur aus onstabil sinn. De Geescht vun Demokratie a Fräiheet wäert sech ëmmer duerchsetzen.

De Xavier Bettel a säin Homolog Petr Fiala hunn an hire Rieden och déi enk Verbindung tëschent Lëtzebuerg an der tschechescher Republik betount, eng Verbindung, déi bis an d'14. Joerhonnert zeréckgeet.

D’Vaclav-Havel-Strooss ass iwwregens no der Place Jan Palach schonn déi zweete Plaz an der Stad, déi no engem tschechesche Biergerrechtler benannt ass.

Back to Top
CIM LOGO