Vum Xavier Bettel empfaangenRussesche Premier Dimitri Medwedew op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg

Jean-Marc Sturm
David Winter
Et dominéiere virun allem déi ekonomesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Russland.
© Domingos Oliveira (RTL)

Zweeten Dag um Mëttwoch vum russesche Premier Dimitri Medwedew senger offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. En Dënschdeg de Mëtteg koum den héije Gaascht kuerz no 15 Auer um Findel un, wou hie vum Premier Xavier Bettel mat militäreschen Éieren empfaange gouf. Um Programm stoung een Trëppeltour duerch d'Alstad souwéi een Owendiessen, éier dann ee ganz chargéierte Programm op den Dimitri Medwedew duerkënnt. Ënnert anerem leet de russesche Premier um Kanounenhiwwel ee Kranz néier, hie kënnt mam Chamberspresident Fernand Etgen beieneen a gëtt vum Grand-Duc Henri an Audienz empfaangen. Am Nomëtteg steet eng gemeinsam Pressekonferenz mam Premier Xavier Bettel um Programm.

Dimitri Medwedew op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg
Et dominéiere virun allem déi ekonomesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Russland.

Am Mëttelpunkt vun der Visitt stinn an éischter Linn d'Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Russland an de Beräicher Wirtschaft, Politik a Kultur. Awer och international Konflikter dierften zur Sprooch kommen. Déi zwou Delegatioune gesi sech haut fir Gespréicher am Mudam, wou de Mëtteg och eng Rei Accorde sollen ënnerschriwwe ginn. Begleet gëtt den Dimitri Medwedew vun der russescher Vizepremierministesch Tatjana Golikowa, souwéi de respektive Minister fir Transport a Kultur.

De russesche Premier Dimitri Medwedew ass um Findel gelant
Onkommentéiert Bildmaterial.

Drock vun den USA op Lëtzebuerg, Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider reagéiert

E Méindeg hat déi amerikanesch Ambassade hei zu Lëtzebuerg d'Visitt vum Medwedew kommentéiert an diplomateschen Drock op de Grand-Duché gemaach. Lëtzebuerg soll sech géint eng Annexioun vun der Hallefinsel Krim ausschwätzen.

Reaktioun vum Vizepremier Etienne Schneider
Lëtzebuerg soll sech den USA no géint eng Annexioun vun der Hallefinsel Krim ausschwätzen.

Hei de komplette Statement vun den USA.De Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet en Dënschdeg de Moien, no der Budgetspresentatioun, kuerz dorobber reagéiert. Et géif hien erstaunen, dass en Ambassadeur vun den USA Lëtzebuerg wëll soen, wat en se maache sollen. Lëtzebuerg hätt bei esou Entrevuë bis ewell ëmmer seng Verantwortung geholl.

Reaktioun vum Vizepremier Etienne Schneider

Och wann esou Sujete wéi dinn, wieren se ugeschwat ginn, Lëtzebuerg hätt sech hei ni zeréckgehalen. Rotschléi kréie wat ee maache soll a wat net bräicht de Grand-Duché op kee Fall.

Visitt vum russesche Premier Medvedev: D'USA setze Lëtzebuerg diplomatesch ënner Drock
Visitt vum russesche Premier Dimitri Medwedew (5.3.2019)

Back to Top
CIM LOGO