Den amerikaneschen Ambassadeur Randy Evans huet der Lëtzebuerger Presse e Mëttwoch de Mëtteg dann och Ried an Äntwert gestanen iwwer de Communiqué den si e Méindeg virun der Visitt vum russeschen Premier Medwedew erausginn haten. Doranner hat d'Ambassade dës Renconter kommentéiert an diplomateschen Drock op de Grand-Duché gemaach.
Lëtzebuerg soll sech géint eng Annexioun vun der Hallefinsel Krim ausschwätzen. De Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat sech erstaunt iwwer dës Ausso gewisen. Lëtzebuerg hätt bei esou Entrevuë bis ewell ëmmer seng Verantwortung geholl.
Elo reagéiert den Ambassadeur Randy Evans:
"Et war keen onerwaarten, spontanen a Méindes-Moies geschriwwene Communiqué. Nee et war...mir maachen eis Suergen doriwwer. Et ass een Thema op dem mir eis eens sinn. Et ass e ganz wichtegt Thema. Mä am aller wichtegsten ass, dass et een eemolegen Zäitpunkt war. An ech hat meng Douten firwat Russland sech dësen Zäitpunkt ausgesicht huet. Fir mech war et kloer, dass si den minutiéis erausgesicht hunn fir genee de Grond wou ech gemengt hunn, nämlech fir eng schéin Geleeënheet ze kréien fir gutt Presse ze kréien. Lëtzebuerg empfänkt de russeschen Premier Minister um 5. Gebuertsdag vun der Annexioun vun der Krim."
Vum Xavier Bettel empfaangen: Russesche Premier Dimitri Medwedew op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg Hien hätt keng Intentioun hannert dësem Schreiwes gehat. Seng Ambassade géing och reegelméisseg Communiquéen iwwer all méiglech Politiken erausginn, esou nach den amerikaneschen Ambassadeur.
