
D’Coursë kënnen och fräiwëlleg vun doheem suivéiert ginn. Et hätt ee wëllen de Familljen a Kanner entgéintkommen, sot den Direkter Alain Simonelli op eis Nofro hin. De Gros vun de Schüler a Schülerinnen géif awer wuel regulär nach bis e Freideg an d’Schoul kommen. D’Inzidenz bei de Covid-Infektiounen ass den Ament jo besonnesch am Fondamental héich. Am neie Covid-Gesetz, dat en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt gëtt, si keng gréisser Adaptatiounen an der Schoul virgesinn. Bis ewell huet den Educatiounsministère och keng verlängert Chrëschtvakanz respektiv generaliséierten Homeschooling virgesinn.
