
Salariéen an Employéë sollen en Ersatz-Congésdag ze gutt hunn. An der Aarbechtskommissioun goufen d’Aarbechten um entspriechende Gesetzprojet sou wäit ofgeschloss an de Vott an der Plenière soll d’nächst Woch sinn. Dat gouf een e Mëttwoch um Chambersite gewuer.
Den Ersatz-Congésdag muss bannent 3 Méint erageholl ginn.
Zu Lëtzebuerg mussen och Feierdeeg, déi op sonndes falen, duerch e Congésdag kompenséiert ginn.