Gëschter ass den Tripartitesaccord - oder Resilienzpak, wéi en offiziell heescht - an der Chamber an duerno op enger Pressekonferenz virgestallt ginn.
D’Oppositioun begréisst den Accord, mä Detailer ginn awer kritiséiert. Iwwer déi wëlle mer de Moie mat der grénger Deputéiert Sam Tanson schwätzen.
Muss ee wierklech fossil Energien finanziell ënnerstëtzen, wann een eng Energietransitioun wëll fërderen? Geschitt elo eppes Strukturelles beim Logement? An ass wierklech Sputt bei de Finanzen do, fir dat alles ze finanzéieren?
D’Sam Tanson ass um 8 live eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.