
Zu Nidderkuer ass e Freideg den Owend um 18:20 Auer eng Persoun an enger Route de Bascharage vun engem Auto ugestouss ginn. De Foussgänger gouf blesséiert. Ënnert anerem de Samu hat misse geruff ginn.
An der Arelerstrooss si kuerz no Hallefnuecht en Auto an e Bus anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt an de SAMU war op der Plaz.
An zu Esch sinn zwee Autoen an der Avenue de la Fonte mateneen kollidéiert. Eng Persoun ass och bei deem Accident blesséiert ginn.