CGDISSamu bei Accident tëscht Elweng a Wëntreng am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Géint 20.10 Auer e Freideg den Owend war en Auto um CR162 tëscht Elweng a Wëntreng mat engem Hindernis kollidéiert.

Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Ambulanz vu Réimech, de Samu vun Esch an d’Pompjeeë vu Munneref a Schenge waren op der Plaz.

Iwwerdeems mellt de CGDIS zwee weider Accidenter um Freidegowend, bei deenen et beim Materialschued bliwwen ass:

Tëscht Lauterbuer a Scheedgen war en Auto an de Gruef gefuer an op der A6 an Direktioun Arel haten zwee Autoe sech ze pake kritt.

Back to Top
CIM LOGO