Parlamentaresch FroSanté huet léiwer, wann Doktere Corona-Tester ordonéieren

RTL Lëtzebuerg
D'Doktere sollten als éischt préiwen, ob en Test och wierklech néideg ass. Esou kéinte vill onnëtz Tester evitéiert ginn, esou d'Paulette Lenert.

D'Direktioun vun der Santé encouragéiert Laboen net derzou, datt se Covid-Tester vu Leit maachen, déi dëst ouni Doktesch-Ordonnance froe kommen, an awer ginn et Laboen, déi esou Clienten acceptéieren.

D'Direktioun vun der Santé geséich léiwer, datt en Dokter fir d'éischt sollt préiwen, ob en Test och néideg ass. Duerfir géife leider och vill onnëtz Tester gemaach ginn, zum Beispill um Enn vun engem Isolement, obwuel dat net systematesch national oder international recommandéiert gëtt.

Dat äntwert d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement vun de Piraten.

D'Paulette Lenert seet dann och, datt aktuell d'Charge vun Aarbecht fir d'Leit, déi a Laboen schaffen, ganz héich ass. De Large Scale Testing interferéiert awer net an der normaler Routine an de Laboen.

D'Waardezäite fir normal routine Analysen, wéi Bluttprouwen, goungen effektiv an d'Luucht, seet d'Ministesch, woubäi dëst ware vläicht maximal Stonne wieren a keng Deeg.

Rezent nach huet d'Direktioun vun der Santé dann och de Laboen nei Recommandatioune ginn, fir verschiddenen Tester eng Prioritéit ze ginn. Problematesch wier et awer, dat néidegt, geschoult Personal ze rekrutéieren fir dës Labos-Analysen.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO