Invité vun der Redaktioun (7. Februar)Santer: Ze grouss Erweiderung, Schold u Problemer vun der EU

RTL Lëtzebuerg
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de fréieren EU-Kommissiounspresident Jacques Santer.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: De Jacques Santer
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Op den Dag genee, haut viru 25 Joer, goufen d'Verträg vu Maastricht iwwert d'europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun ënnerschriwwen. Et war eng Zäit vum Ëmbroch, mat der Reunifikatioun vun Däitschland an dem Zesummebroch vun der Sowjetunioun, wat de Glawen un d'EU gestäerkt huet, esou den fréieren EU-Kommissiounspresident Jacques Santer am RTL-Interview. Dëse Geescht ass awer verluer gaangen. Dat ënnert anerem duerch eng ze séier Erweiderung.

Jacques Santer / Reportage: Claudia Kollwelter

Dem Jacques Santer no misst ee sech elo op e Käreuropa konzentréieren an déi sozial Dimensioun vun Europa stäerken, dat duerch méi Kooperatioun, och mat de Sozialpartner. Nëmme sou kéint een de Leit d'EU nees méi no bréngen. De Jacques Santer bleift awer optimistesch, datt d'EU déi aktuell Erausfuerderunge packt, well fir hie gëtt et keng Alternativ zur Unioun, well déi eenzel Länner géife sech eleng net behaapt kréien.

Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de fréieren EU-Kommissiounspresident Jacques Santer.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO