
Jidderee konnt do seng Froen notamment zu der Booster-Impfung stellen. Zum Beispill wéi eng Leit sech da missten eng drëtte Kéier géint de Covid impfe loossen.
Zu Lëtzebuerg wäert ee bei de Booster-Impfunge warscheinlech beim Alter ganz séier nach eng Kéier erofgoen, esou den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit an der Froestonn um Facebook. An engems huet hien un déi eeler Leit appelléiert, d'Offer vun der drëtter Dosis unzehuelen.
Eng Bestëmmung vun den Antikierper virun der drëtter Dosis wier net relevant. D'Decisioun op e Booster néideg ass, géif vun anere Facteuren, wéi zum Beispill dem Alter, ofhänken.
Eng ganz limitéiert Zuel vu Patienten, déi eng Transplantatioun hannert sech hunn, kéinte fir eng véiert Dosis a Fro kommen, sou nach de Santésdirekter Dokter Jean-Claude Schmit. Dat wieren awer nëmmen eng Handvoll Leit.
De leschten Informatioune vun der Santé no géif de Vaccin vun Novavax, fir deen de Mëttwoch eng Zouloossung ugefrot gouf, Uganks der Joers kommen an dann och hei am Land gesprëtzt ginn.
Wann ee sech elo nach net géint de Covid impfe gelooss huet, sollt een awer op kee Fall op dee Vaccin waarden, huet de Jean-Claude Schmit betount. Novavax wier keen Allheelmëttel a besonnesch wier déi véiert Well elo do an et wier wichteg, sech elo ze schützen.
De Grand-Duché géif am Verglach zum Ausland den Ament nach besser do stoen. D’Infektiounszuele géifen zwar erop goen, mä bei den Hospitalisatioune géif een definitiv, par Rapport zu Däitschland, Éisträich an och Dänemark besser do stoen.