CGDISSchäffchen op der Reilander Millen gebrannt, zu Kanfen (Fr) war et en Auto

RTL Lëtzebuerg
Am Lokalen huet de CGDIS zwee Asätz vun e Freideg den Owend gemellt.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Op der Reilander Millen hat e Schäffche Feier gefaangen. Dat war kuerz virun 19 Auer. D’Pompjeeë vun Hiefenech, Fiels a Konsdref waren op der Plaz souwéi d’Ambulanze Fiels a Jonglënster.
A Frankräich huet iwwerdeems en Auto gefaangen. Dat kuerz no 23 Auer zu Kanfen a Frankräich, net wäit vun Diddeleng ewech. Deemno waren och déi Diddelenger Pompjeeë mat op der Plaz, fir d’Kolleegen aus Frankräich z’ënnerstëtzen.

A béide Virfäll ass kengem eppes geschitt.

E Samschdeg de Moien ass géint 9.30 Auer eng Camionnette zu Beetebuerg op d’Kopp gaangen. D’Rettungsekippe vu Beetebuerg waren op der Plaz. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO