Héich TemperaturenSchaffe bei grousser Hëtzt, dobaussen an an der Urgence

Pierre Jans
Fanny Kinsch
D'Urgencen e Mëttwoch am CHL sinn op Héichtoure gelaf. Wéi all Dag. D'Zuel vu Patiente goung duerch d'Hëtztwell bis elo net signifikativ erop.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Datt d'Zuel vun de Patienten an den Urgencen déi lescht Deeg duerch d'Hëtzt net signifikant geklommen ass, huet e puer Grënn. Den Dr. Guillaume Bauer vum Centre Hospitalier Luxembourg: Et si scho Patienten déi kommen. Et ass awer elo net, dass et d'Spidol a Bedrängnis bréngt, wéi dat viru Jore war. Do si ganz vill Preventiounsmesuren, déi geholl ginn, fir dass d'Spidol net iwwerrannt gëtt.

Déi eeler Leit wären doheem an an den Altersheemer och besser encadréiert, ewéi dat fréier de Fall war, esou nach den Dokter.

D'Wiederprevisiounen erlaben et hautdesdaags, sech am Viraus op esou Temperature virzebereeden. An dat gouf gemaach. De Chef d'Unité CHL Arnaud Marguet: Tous les soignants sont mobilisés dans le cadre de cet évènement un peu exceptionnel. Depuis l'accueil des patients le risque de déshydratation est relevé et recherché par les soignants.

Ma bei alle Fortschrëtter, eenzel Fäll vun Dehydratiounen si bei esou Temperaturen net ze vermeiden. Den Dr. Guillaume Bauer: Ech hunn elo hei e Serveur aus engem Restaurant, deen en Dënschdeg den Owend laang geschafft huet. Hie war scho bëssen dronken heemgaangen, hie sot en hätt awer eppes gedronk gehat, mä deen hat fënnef Stonne bei grousser Hëtzt do geschafft. E Serveur dee leeft relativ vill. Ech denken, dass déi annerhallef Liter, déi dee gedronk hat, iwwert déi fënnef Stonne largement net drugaangen.

Vill a reegelméisseg Waasser drénken, ass awer wichteg. Nieft allem Eescht, d'Hëtzt kann och Spaass maachen. Virun allem wa wéinst der Hëtzt amplaz Cours, Spillen an Erfrëschen um Programm steet. Esou wéi zum Beispill an der Clausener Grondschoul an der Stad. Wou e Mëttwoch och Schoulfest war.

De Schouldirekter Guy Entringer: Do hate mer natierlech e ganze Koup Aktivitéite geplangt. Vue dass awer elo déi Temperaturen hei sinn, hu mir e bëssen ëmdisponéiert. Mir haten en Dënschdeg och eng Note erausginn un d'Elteren, wou mir gesot hunn, dass d'Schoul fakultativ ass, mä ech hu geschriwwen, dass ech d'Kanner an hirer Plaz géif komme loossen, well ech menge méi flott ass et och doheem net.

Dat huet een de Schülerinnen a Schüler och ofgesinn. Just eng 15 Prozent vun de Schüler wären doheem bliwwen.

D'Hëtzt an hir Auswierkungen op d'Urgencen
D'Zuel vu Patiente goung duerch d'Hëtztwell bis elo zu Lëtzebuerg net signifikativ erop.

Schaffe bei grousser Hëtzt

Schaffe bei grousser Hëtzt
Am Code du travail sinn extrem Temperaturen net virgesinn, de Patron ass awer fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vu sengen Aarbechter verantwortlech.

Déi meeschte Leit mussen och bei de waarmen Temperature schaffen. Am meeschte geplot bei der Hëtzt sinn d'Aarbechter op de Schantercher. Am Code du travail sinn extrem Temperaturen net virgesinn, de Patron ass awer fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vu sengen Employéeë responsabel.

Leit, déi zum Beispill op engem Chantier schaffen an eng kierperlech ustrengend Aarbecht hunn, musse bei den héijen Temperature besonnesch gutt oppassen. Dräi bis véier Liter Waasser den Dag ginn hei recommandéiert, fir ze drénken, et soll evitéiert ginn an der praller Sonn ze schaffen a genuch Pause solle gemaach ginn.

D'Aarbechtsinspektioun réit de Leit, déi an der Sonn musse schaffen, Kleeder unzedinn, déi liicht sinn a virun der Sonn schützen. Am lëtzebuergesche Code du travail ginn et keng spezifesch Reegele fir d’Aarbecht bei héijen Temperaturen, ma dat fält ënnert de Volet Sécherheet a Gesondheet vun de Mataarbechter.

De Marco Boly, Direkter vun der ITM: Vue que dass mer eng relativ diversifiéiert Wirtschaft hunn, an do kann een net allgemeng Reegele festleeën, déi iergendeppes limitéieren, well fir d'Betriber ass dat nodeeleg oder fir aner Betriber ass dat gutt, an dat ass awer keng Generalitéit, an dofir seet de Code du travail einfach, d'Obligatioun läit beim Patron, no senge Salariéeën ze kucken.

Dowéinst mécht d’ITM och keng aussergewéinlech Inspektioune bei héijen Temperaturen. E Risiko fir d’Gesondheet gëtt et iwwregens net nëmme fir Leit, déi bei héijen Temperaturen dobausse schaffen, och a waarme Büroe kéinte Leit deshydratéiert ginn an et kéint hinnen dronke ginn. Hei réit d’ITM, kuerzfristeg Klimaanlagen oder Ventilatoren ze kafen.

Back to Top
CIM LOGO